LUXEMBOURG LGBTIQ+ PANEL
Wëllkomm um Luxembourg LGBTIQ+ Panel !
Eise Panel sammelt Daten iwwer d'LGBTIQ+ Gemeinschaften zu Lëtzebuerg. Scroll erof fir méi iwwer de Projet gewuer ze ginn a wéis du un eiser Etude iwwer d’Situatioun, d’Erfarungen an d’Erwaardunge vun den LGBTIQ+ Mënschen zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun kanns deelhuelen.
Queer
Participation
Community
IWWER EIS
De Luxembourg LGBTIQ+ Panel gouf vum Laboratoire d'Études Queer, sur le Genre et les Féminismes - LEQGF Asbl geschafen.
Eis Missioun ass et, Recherchen an Etuden iwwert d’LGBTIQ+ Gemeinschaft zu Lëtzebuerg ze maachen, fir d’Erausfuerderungen deenen hier Memberen ausgesat si besser ze verstoen.
Mir bidden eng Plattform u wou d'Membere vun der Community zesummen nodenken, diskutéieren an Erfarungen an Iddien iwwer queer sinn zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun deelen.
Mir sammelen, analyséieren an entwéckelen Empfeelungen op Basis vun dëse Datë mam Zil, Politiken an Aktiounen zur Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun LGBTIQ+ Mënschen ze fuerderen.
Gewéinlech bréngt e Panel eng Grupp vun Expert*innen zesumme fir iwwer relevant Theme vun ëffentlechem Interesse ze diskutéieren. Fir eise Panel kënnt d'Expertise aus den alldeeglechen Erfarunge vun LGBTIQ+ Mënschen.
PROJET
Wat ?
Eise Panel gëtt der LGBTIQ+ Community zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun eng Stëmm. Dëse soll d'Erfarunge vu queere Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen, sech verléiwen a schaffen, beliichten.
Ween ?
De Panel bréngt LGBTIQ+ Leit vu 16+, déi zu Lëtzebuerg wunnen oder schaffen, vun all Nationalitéit, Wunnsëtz, sproochlecher Gemeinschaft a sozialer Hannergrond zesummen.
Wéi ?
De Panel besteet aus verschiddenen thematesche Fokusgruppen vu jeeweils 1h30, wou bis zu 8 Participanten sech treffe fir hir Erfarungen an Erwaardungen zu engem ausgewielten Thema ze diskutéieren.
Wou & Wéini ?
All Fokusgrupp fënnt an enger anerer Uertschaft a Regioun zu Lëtzebuerg statt. Mir wëlle vu Leit héieren, déi am ländlechen an urbane Raum wunnen a schaffen. D'Datumer an d'Theme vun all Fokusgrupp ginn an der Agenda ugekënnegt.